Nogefrot!Kaddo fir Vältesdag?

All Joer gëtt sech op Vältesdag gefrot, ob ee sengem Partner e Kaddo mécht a wa Jo, wat et soll sinn.

Leschten Update: 14.02.2020, 04:18:45

© Unsplash

Dat éischt u wat een an deem Sënn denkt sinn natierlech rout Rousen, Schockela a Bijouen. Ma et geet och anescht.

Enger Etüd no ass et virun allem wichteg, datt Kaddoen eppes Sënnvolles sinn, wat sech de Partner schonn eng Zäitche wënscht. Et kann een och nofroen, wat ee brauch oder einfach e selwer gemaache Bong fir zum Beispill eng Kéier doheem ze botzen oder engem eppes ze kachen. Haaptsaach dir maacht iech Gedanken.

Ëmmer méi réckelt also dat Materiellt no hannen an Erfarungen, also eppes zesummen erliewen, gewënnt u Relevanz. Ganz vill Leit maachen och einfach guer kee Kaddo. Wei gesitt dir dat?

Lauschtert eran!