Iesse goe fir VältesdagWie bezilt? De Mann oder d'Fra?

Et geet een zesummen richteg gutt iessen. Stëmmungskiller? D'Fro, wien dann elo bezilt.

Leschten Update: 14.02.2020, 04:20:07

© Unsplash

Natierlech hänkt dëst ëmmer dovun of, ob et dat éischt Date ass oder ee romantescht Iesse mam feste Partner.

Ma wéi geet een enger onnéideger Diskussioun aus dem Wee? Ganz einfach: Et kann ee sengem Partner eng Freed maachen an d'Rechnung iwwerhuelen.

En anere Wee ass et d'Rechnung ze deelen, esou ass et fir béid Säite fair. Oder e wiesselt ee sech of: Dës Kéier bezuelen ech, déi nächste Kéier du - Balance ass hei d'Stéchwuert. Ma wéi maacht dir et? Mir hunn nogefrot!