PrevisiounenKënschtlech Intelligenz kéint Ree besser viraussoen

Schro Reeschauere besser viraussoen. An Däitschland gëtt eng kënschtlech Intelligenz getest, déi genee dat maache soll.

10.02.2020, 04:00:41

© Unsplash

Kal, gro, naass. Esou kéint een de Januar 2020 gutt resuméieren. Vum kale Wanterwieder si mer verschount bliwwen, ma richteg verwinnt goufe mer och net. D'Previsioune fir déi nächst Zäit verspriechen och näischt Guddes: Reen. All Dag. Och wann et virausgesot gouf bleift et dacks trotzdeem dréchen. Ëmgedréint d'nämmlecht, datt et aplaz frëndlech an dréche gro an naass ass.

Lauschtert eran!

Modern Wiederprevisiounen hunn zemools mam Reen Schwieregkeeten. Bei schroe Reeschaueren oder sougenannten "Starkregenereignissen* géifen d'Prognosen a 70% vun de Fäll donieft leien. Mat engem Projet vum Fuerschungszenter Jülich vum däitsche Wiederdéngscht schafft een un enger kënschtlecher Intelligenz, déi esou Previsioune verbessere kéint.

De Grond wisou d'Previsiounen a Punkto Reen esou schwiereg sinn? Dës Wiederkonditioun ass extrem schwéier virauszesoen. Aner Elementer wéi Wolleken, Stied, Bierger, Däll oder och Flëss hunn hei e groussen Impakt. Dës Elementer wieren dacks esou ausgepräagt a komplizéiert, datt se a Modeller net komplett genee affichéiert kéinte ginn.

"Deep Rain" ass en neuronaalt Netz, dat selwer bäiléiert. Déi kënschtlech Intelligenz filtert Previsiounen an Informatioune vu Reegebidder eraus an analyséiert dës. Donieft ginn Informatioune vu Miessstatioune mat dobäi geholl. D'KI gëtt scho getest a soll, wann se sech bewäert, vum däitsche Wiederdéngscht benotzt ginn, fir besser Previsioune maachen ze kënnen.

Well: D'Netzwierk vum däitsche Wiederdéngscht ass net capabel genuch, eenzel Gebidder, wou schro Reeschaueren erofkommen, ze erfaassen. Mat der KI kéint ee Wiedere gesinn, déi virdrun net am Viraus ze erkenne waren. Ma virun allem sollen d'Previsiounen a Punkto Plaz an Zäit vu staarkem Reen méi exakt ginn.