Life of Bryan - Birds of PreyChaotesch mat vill Spass a Perséinlechkeet

Den Eldo-Bryan huet sech den neie Film "Birds of Prey" mam Margot Robbie an der Haaptroll ugekuckt. Säi Fazit liest dir hei!

Leschten Update: 11.02.2020, 12:43:08

© Screenshot YouTube

"Suicide Squad" war net gutt - fir et extreem léif auszedrécken.

D'2016-DC-Katastrophe war eng Enttäuschung a bal allen Hisiichten an den zweete Flop dat Joer nieft "Batman vs. Superman". Mat "Birds of Prey" krut d'Margot Robbie awer elo eng zweete Chance als Harley Quinn an... ech gouf positiv iwwerrascht. No "Suicide Squad" ass Schluss tëscht dem Harley Quinn an dem Joker an a "Birds of Prey" gesi mer souzesoen, wéi d'Single-Liewe vun der krimineller Kinnigin ausgeséit.





"Birds of Prey" ass alles wat "Suicide Squad" hätt solle sinn. Et ass verreckt, witzeg an huet onheemlech vill Perséinlechkeet. D'Margot Robbie spillt seng Roll perfekt an huet op d'mannst fir mech verfestegt, dass hatt d'Harley Quinn ass. D'Story selwer ass relative Standard, mee et ass déi gutt gemaachen Action an eng riise Portioun Stil a Perséinlechkeet, déi "Birds of Prey" zu engem vun de gudden DC-Filmer maachen.

"Joker" an "Birds of Prey" weise relativ kloer, dass et definitiv eng Nisch fir DC-Filmer gëtt, an déi Marvel nach net gaangen ass an ech perséinlech hoffen, dass Warner Bros dat och erkennt a méi vun dësen originellen an onofhängege Projeten ëmsetzt. "Birds of Prey" weist, dass d'Harley Quinn als Charakter op sengen eegenen zwee Bee ka stoen an ech kann de Film dowéinst nëmmen empfeelen.