London CallingVältesdag zu London

Wat kann een e Freideg hei an der brittescher Haaptstad esou maachen?

Leschten Update: 12.02.2020, 04:11:45

© pixabay.com

E Freideg ass Vältesdag an och wann déi brittesch Haaptstad elo net onbedéngt als déi romanteschste Stad op der Welt bekannt ass, esou ginn et zu London e Freideg an de ganze Weekend iwwer eng Rëtsch Aktivitéiten, déi ee mat senger besserer Halschent ënnerhuele kann.

Lauschtert hei de Reportage:


Do wier zum Beispill eng Valentinsparty am Jimmy Hendrix senger aler Wunneng am Norde vu London. Hei kritt een dann ënnert anerem Live Blues Musek, en Techno DJ an Go Go Dancer gebueden – an dat alles an enger 60er Ambiance

© pixabay.com


Wien et gäre méi gemittlech hätt an en Hond huet, dee ka beim traditionellen Valentines Dog Walk matmaachen. Och als Single dierf een hei mat dobäi sinn a wie weess, vläicht hëlleft den Hond jo engem de Mann oder d’Fra fir d’Liewen ze fannen.

Um Enn gëtt et dann, fir all déi Leit, déi et gären esou richteg romantesch hätten, en neie Musical zu London. "Pretty Woman – The Musical" leeft passenderweis vun e Freideg un hei zu London a wie sech bäi mécht, kritt vläicht nach déi eng oder aner Plaz.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter