OscarsWa Goodie Bags esou deier sinn ewéi en Appartement

Ee Goodie Bag, iwwert dee freet sech jiddereen. Ma e Goodie Bag an Hollywood ass e bëssen eppes Aneres.

Leschten Update: 10.02.2020, 16:35:23

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Christopher Polk

Net jiddereen, dee fir en Oscar nominéiert war, huet dësen am Endeffekt och gewonnen. Ma jiddereen, deen nominéiert ass, ka sech awer iwwert e klenge Kaddo freeën: En Oscar-Goodie-Bag.

An dësen "Tuten" fënnt een net ewéi bei soss engem Event en Deo, Kichelcher oder e Gedrénks. De Goodie Bag, deen all Joer vun enger Marketingagence zesummegestallt gëtt an déi dës de Staren op d’Hotelszëmmer bréngt, ass e klengt Verméige wäert.

Riets geet net vun enger klenger Tut, mee enger Wallis: De Gesamtwäert beleeft sech dëst Joer op ronn 225.000 Dollar.

Dëst Joer ginn d'Staren ënner anerem mat enger Croisière duerch d’Antarktis am Wäert vu 75.000 Dollar beschenkt, grad esou wéi mat engem klengen Trip fir 8 Persoune fir a Spuenien e Liichttuerm zu Faro Cumplida ze besichen. Geet dat net duer, kann ee sech an engem Wellness zu Malibu entspanen. E bësse méi speziell a vläicht och méi dekadent sinn zum Beispill d’E-Zigarett aus Gold, ee Portrait aus faarwegem Glas oder eng Seef mat 24 Karat Gold fir an d'Buedbidden.

Skurril geet et awer och: Dëst Joer an der Wallis ze fannen ass eng Tut fir den Urin. Hei gëtt dat klengt Geschäft dann och gläichzäiteg analyséiert. Aner Kaddoe sinn d’Kaartespill "Exploding Kittens", ee Projekter, dee Stären un de Plaffong projezéiert, Schockela mat Cannabis oder falsch Wimperen. Och ee Kannerbuch mam Numm "Curlee Girlee’s got Talent" ass mat dobäi. Dëst ass awer nëmmen eng kleng Auswiel vun deem, wat an der Wallis ass.

All Joer gouf de Goodie Bag vun op d'mannst engem Star ofgeleent a gespent. Dëst Joer ass dat bis elo net de Fall.