Iwwert de WollekenKebab gëtt et elo och am Fliger

D'Fleesch vum Spiiss gëtt et op der ganzer Welt an elo och u Bord vun enger Fluggesellschaft.

11.02.2020, 16:33:37

© Unsplash

Déi eng hunn e gär, déi aner net. An zwar de Kebab. D'Hämmelfleesch dat gekonnt vum Spiiss geschnidde gëtt, huet säin Ursprong an der Tierkei an ass mëttlerweil quasi duerch déi ganz Welt bekannt. Also ass et och kloer, dass vill Leit domat hiren eegene Business maache wëllen.

Elo huet sech dann d'Airline Eurowings decidéiert, déi tierkesch Spezialitéit och u Bord ze verkafen. Wéi d'Fluchgesellschaft matdeelt, ass de Kebab gefëllt mat gebrodenem Gefligel, Zalot, Tomaten a Geessekéis.

Den Eurowings-Döner ass also net genau dat nämmlecht wéi dat tierkescht Original. Schaarf Kraider, Knuewelekszooss, roude Kabes oder d'Eisbergzalot feelt hei komplett an och d'Hämmelfleesch ass duerch Gefligel ersat an ass natierlech an der Loft méi deier wéi um Buedem.

D'Fluchgesellschaft huet dat Ganzt op d'Twitter gedeelt an d'Leit hu sech gefrot, ob et do och e Spiiss u Bord gëtt. Déi Verantwortlech kënnen do awer entwarnen, well et gëtt alles um Buedem preparéiert.


Elo kann ee sech natierlech och soen, dass een dat guer net an engem Fliger brauch. Ma virun e puer Joer konnten d'Passagéier, wärend dem Fluch, frësch vum Faass gezaapte Béier drénken an dobäi Homard iessen. Wann een dat bedenkt, dann ass de Kebab guer net esou speziell.

Lauschtert eran