PartnerschaftMat engem Optimist lieft ee méi gesond

Dass Optimiste méi gesond liewen, ass scho mi laang gewosst. Eng nei Etüd seet awer lo, dass et och hëlleft, wann ee mat engem Optimist zesummen ass.

12.02.2020, 05:19:10

© Karen Warfel (Pixabay)

Aktuellen Etüden no sinn Optimiste méi gesond, manner ufälleg fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen an hunn ee méi niddrege Bluttdrock. Domat liewen Optimisten am beschte Fall net just méi glécklech, mee och méi laang.

Een amerikanesche Fuerscher vun der Uni Michigan seet elo awer, dass een och scho méi gesond lieft, wann een en Optimist als Partner huet. De Wëssenschaftler huet 8 Joer laang méi wéi 4.500 Koppelen begleet. Hien huet dobäi erausfonnt, dass et een Zesummenhang gëtt tëscht der eegener Gesondheet an dem Optimismus vum Partner. Deemno suerge positiv a gesond Mënschen an eisem Ëmfeld och fir eng besser eege Gesondheet.

Dobäi geet et oft schonn duer, wann den optimistesche Partner mam positivem Beispill vir geet: Wann hien zum Beispill ophält mat Fëmmen oder ufänkt Sport ze maachen, zitt deen anere meeschtens am Ofstand vu e puer Wochen no. An ee gesonde Liewensstil hëlleft jo bekanntlech dobäi, sech zum Beispill präventiv géint degenerativ Krankheeten wéi Alzheimer an Demenz ze schützen.

Optimismus, positiivt Denken an een aktiivt Handelen kann deemno ustiechend sinn. Wann ee vu béid Partner eng positiv Ausstralung huet, kann dat deem anere Courage maachen, och méi optimistesch duerch d’Liewen ze goen.

Wann ee Pessimist seng Zäit dogéint mat engem pessimistesche Partner verbréngt, da fält et him nach méi schwéier, selwer Optimismus ze léieren an eng positiv Astellung zum Liewen z'entwéckelen.