Mini-EntrepriseEsou kënnt dir ären Handy-Kabel retten!

Duerch e klengt Stéck manner Kabelen ewechgehéien - Dat wëlle 6 Schüler mat hirer Mini-Entreprise "ProtectIt!" bewierken...

Leschten Update: 12.02.2020, 14:31:29

© Eldoradio

Dir hutt e Smartphone? Da kennt der bestëmmt de Problem, datt d'Opluedkabelen dovu séier ofgenotzt ausgesinn an am schlëmmste Fall souguer briechen. Am Plaz dann direkt en neie Kabel ze kafen hu sech 6 Schüler aus dem Lycée Robert Schuman eng Léisung afale gelooss.

Ufanks wollte si am Kader vum Projet Mini-Entreprise e Service ubidde fir d’Kabelen ze flécken. Ma dunn ass hinnen d’Iddi komm nach e Schrëtt méi wäit ze goen an am Kader vun hirer Mini-Entreprise "ProtectIt"! Stécker ze entwéckelen, déi d‘Opluedkabele schützen.

Wie säi Kabel mat dësem Stéck preventiv schützt oder eben zesummenhält nodeems schonn e Wackelkontakt do ass, spuert engersäits net just Sue mee deet och der Ëmwelt eppes Guddes. D'Stécker ginn nämlech vun de Schüler selwer designed a produzéiert, dat mat Hëllef vun engem 3D-Drucker. D'Material ass iwwerdeems recycléierbaren TPU - eng Aart Plastik, dee recycléierbar a virun allem och méi elastesch ass. Esou kann d'Stéck sech dem Kabel upassen, dësen ass ëmmer nach dehnbar an trotzdeem bleift e robust.





Wien an esou e kléngt Stéck investéiert kann deemno säin ale Kabel "retten" a spuert sech esou d'Sue fir e ganz neie Kabel ze kafen. Hei dierf een dann och net vergiessen, datt esou e Kabel aus ville verschidde Materialie besteet, déi och net ëmmer ganz ëmweltfrëndlech sinn.

Momentan ginn et d’Stécker dann a 4 verschiddene Faarwen: Rout, blo, schwaarz a wäiss. Fir déi nächst Serie sollen awer och nach rosa Stécker dobäi kommen.

Wiele kann een ausserdeem tëscht verschiddenen "Pack". Wie just ee Stéck brauch kann d'Optioun Solo wielen, dës kascht aktuell 2.79€ an d'Faarf kann ee sech eraussichen. Och beim "Duo" kann ee wiele wéi eng Faarwen ee wëll, entweder 2x déi selwecht oder 2 verschiddener, egal wéi kascht dës Offer mat 2 Stécker insgesamt 5.49€. Da gëtt et nach de Family Pack, fir all déi, déi hire Kabel gäre mol vertässelen.

An dëser Offer kritt ee 4 Stécker a 4 verschiddene Faarwen, datt och jidderee weess wiem säi wiem säin ass. Wien eng grouss Bestellung vu 4 Stécker wëll maachen, awer keng 4 verschidde Faarwe wëll hunn, dee kann awer och zum Maxi Pack tendéieren - hei huet een a Punkto Faarwen dann nees de fräie Choix. Präislech leien déi zwou grouss Packunge bei jeeweils 9.99€



Momentan sinn d’Stécker da just fir den Apple Lightning Kabel erhältlech well d’Struktur vum aktuelle Produit op d’Form vun dësem Kabel ugepasst ass. An enger nächster Etapp wéilten d'Schüler dann awer och Stécker fir USBC-Kabelen entwéckelen. Bis et esou wäit ass, kënnt dir déi aktuell Produite vun der Mini-Entreprise "ProtectIt!" awer scho mol hei ukucken a bestellen.

Lauschtert eran

© Eldoradio