Spreading The LoveDeeg vun der Léift dat ganzt Joer

Op Vältesdag soll een d'Léift besonnesch feieren, ma och soss am Joer ginn et nach e puer där spezieller Deeg, déi sech ëm d'Léift dréinen.

12.02.2020, 14:47:48

© Pexels

Dee wuel bekanntsten Dag dee sech ronderëm d’Léift dréint ass Vältesdag. De 14. Februar gëtt d’Libesgeschicht vum hellege Valentin gefeiert, an ass mëttlerweil den Dag op deem Koppelen sech hier Léift weisen.

Déi mannst wëssen dass do awer eng ganz Välteswoch drun hänkt.

De 7. Februar ass den Dag vun der Rous.

Den 8.  Februar ass den Dag vun der Verlobung.

De 9. Februar soll e mat Schockela feieren.

Den 10. Februar ass dann d’Zäit vum Petzi.

Den 11. Februar ass den Dag vum Verspriechen, hei versprécht een dem Partner bei him ze bleiwen.

Den 12. Februar ass den Dag vum an den Aarm huelen. Also fläisseg knuddelen.

Den 13. Februar ass den Dag vum Kuss.

An dann zu gudder lescht de 14. Februar ass Vältesdag.




Mee och de Rescht vum Joer spillt Léift eng Roll.

Fänke ma vir un.

Den 21. Januar ass de Weltknuddeldag. Duerch d'Ëmäerbele soll ee senge Matmënsche weisen, dass ee si gären huet.

Den 1. Mäerz ass den Dag vum Kompliment.

Den 30. Abrëll feiert een den Dag vun der Éierlechkeet.

Den 1. Mee ass ''Global Love Day'', hei goung et ursprénglech dorëm, Léift ouni Grenzen a jidderengem säi Liewen ze bréngen. Manner am Sënn vun enger Romantescher Bezéiung an éischter am Kontext vu platonesche mënschleche Bezéiungen.

De 9. Mee ass Dag vum Orgasmus. An Brasilien ass dëst souguer een offizielle Feierdag. Hei soll drun erënnert ginn, dass jiddereen ee selbstbestëmmt Sexliewe kann hunn.

De 6. Juli ass den internationalen Dag vum Kuss.

Den 30. Juli hu ma den Dag vun der Frëndschaft.

An zu gudder Läscht ass de 4. November ''Love Day''. Dësen Dag gouf vun den Ägypter an d’Liewe geruff an ass quasi den equivalent zu Vältesdag. Op dësem Dag soll sech mat ''Happy Love Day'' begréisst ginn an domat un d'Léift erënneren.

Déi Mënschen déi also besonnesch op speziellen Deeg Léift verdeele wëllen, hunn der genuch duerch d'Joer verdeelt.