Gutt oder schlecht Iddi?1. Date op Vältesdag

En Date op Vältesdag ass net aussergewéinlech, ma wéi ass et wann dat alleréischten Date op Vältesdag fält?

Leschten Update: 14.02.2020, 04:20:40

© Unsplash

Et traut ee sech endlech seng grouss Léift fir en Date ze froen. Fält de Rendezvous dann op Vältesdag, kënnt dacks d'Äntwert: "Oh, dat ass awer richteg kitscheg!" A si mer éierlech: D'Restauranten si rosa a rout dekoréiert, iwwerall hänke Loftballonen a Blummen an op all Dësch sëtzen déi verléifte Koppelen a kënnen d'Aen net vunenee loossen. Dat ass net jidderengem senges.

1. Date op Vältesdag?

Wëll een dat ëmgoe kann een de Kitsch ganz eraushuelen an eppes méi Relaxes maachen, ewéi Bowling spille goen. Ma wat mengt dir? Wéi gëtt dat éischt Date op Vältesdag e Succès

Mir hunn nogefrot!