Oppent BuchE Kuss verréit alles iwwert e Mënsch

Beim Kusse gëtt ee méi iwwert e Mënsch gewuer wéi ee mengt.

Leschten Update: 14.02.2020, 11:04:44

© Pexels

Am Liewe ginn et ganz vill schéi Saachen, esou zum Beispill och d'Kussen. Jidderee mécht et, deen ee mol méi, deen anere manner. Fakt ass, dass dëse ganz intime Kontakt méi iwwert ee verréit, wéi nëmmen ob ee gutt kusse kann oder net.

All Mënsch huet e ganz eegene Geroch. Et muss een dësen e bëssen als Visittekaart gesinn, déi deem aneren onbewosst matdeelt, wéi et mat der eegener Gesondheet ausgesäit, spréch wéi staark dat eegent Immunsystem ass. Grat beim Kussen hëlt de Partner déi Doftstoffer vun deem anere wouer, well d'Nuese sech esou no wéi nëmme méiglech kommen. Vill vun dëse Pheromoner ginn nämlech um Nueseflillek gebilt an ofginn.

Dobäi kënnt, dass ee beim Kusse vill méi wouer hëlt wéi nëmmen d'Lëpse vun deem aneren. De Psycholog Gordon G. Gallup vun der University of New York huet schonn am Joer 2007 eng Etüd mat 180 Testpersounen duerchgefouert. D'Resultat ass, dass méi wéi d'Hallschent vun de gefrote Männer a méi wéi zwee Drëttel vun de Frae behaapten, den Interessi un enger Persoun - nom éischte Kuss - total verluer ze hunn.

Bei enger Ëmfro huet d'Majoritéit vun de Fraen esouguer ugi beim Kuss ze erkennen ob sech déi Persoun géigeniwwer fir eng laang Bezéiung eegent oder net.


Biologesch gekuckt mécht dat Ganzt esouguer Sënn. Fraen droen d'Laascht vun enger Schwangerschaft an de Risiko bei enger Gebuert. Beim Choix vum Partner hu se also all Interêt een ze wielen, dee gëeegent ass fir d'Versuergung vun de Kanner. Anescht ausgedréckt: D'Fra kritt onbewosst en Hiweis dorop ob de Mann e potentielle gudde Papp wier oder net.

Lauschtert eran