Eng politesch PrioritéitUn den Urgencen am Spidol gëtt weider geschafft

Zanter e bësse méi wéi engem Joer gëtt et en neit Reglement zu den Urgencen. A wéi et schéngt huet sech villes scho verbessert.

Leschten Update: 12.02.2020, 15:13:06

© Eldoradio

Wien hat net schonn emol eng Kéier e gesondheetlechen Noutfall an huet da séier missten an d'Urgence, och wann en dat gären evitéiert hätt. Dacks kënnt een do séier bäi, ma et ginn och där Deeg, do sëtzt een dann e bësse méi laang do. Grad wann ee Péng huet, dann ass dat natierlech blöd, ma wa vill Patienten do sinn, dann ass dat eben esou.

Waardenzäite vun 0 bis 120 Minutten
An zwou Froen un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wollt den ADR-Deputéierte Jeff Engelen elo ënner anerem wëssen, wéi d'Urgencen organiséiert sinn an ob et do eventuell schonn zu Problemer wéinst Enkpäss beim Personal komm ass.

An der Äntwert heescht et, dass e Reglement vum Januar d'lescht Joer kloer d'Normen an d'Ufuerderunge vun enger Urgence definéiert. Dat gesäit z.B. vir, dass all Patient soubal en an d'Urgence kënnt muss triéiert ginn. Dorops hin gëtt da mat engem 5-stufege Modell gekuckt, wéi schwéier d'Urgence ass a wéi een Delai fir d'Prise en Charge ee fält. Dat ka jee no Niveau tëscht 0 an 120 Minutten daueren.

Personal gouf däitlech eropgeschrauft
Den Infirmier, deen an der Urgence fir den Accueil an d'Orientatioun zoustänneg ass, muss dem neie Reglement och eng speziell Formatioun gemaach hunn, fir dës Triage-Tabell ze benotzen. Et hätt een och an de leschte Joren an den Urgencen d'Personal eropgeschrauft an och architektonesch eppes verännert fir esou den Oflaf ze verbesseren an d'Delaien ze verkierzen.

Weider missten d'Cliniquen d'Zäitspan tëscht der Admissioun vum Patient an dem 1. Kontakt mam Dokter un de Gesondheetsministère weider ginn.
An zanterhier wier och kee Fall gemellt ginn an deem dësen Triage-System net hätt kéinte wéinst Zäit- oder Personalmangel konnt agehalen ginn.

Parallel Urgence vun CHL a Clinique um Kierchbierg
Iwwerdeems wieren awer nach vill Mesuren am Kader vun den Urgencen nach net ëmgesat ginn, dëst géif een am laf vun den nächste Méint a Joren awer maachen. D'Verbesserung vun de Waardenzäite wier op all Fall awer eng politesch Prioritéit.

Eng Mesure, déi elo vum Summer dëst Joer un ëmgesat géif ginn, wier am Zentrum während dem Dag eng parallel Garde tëscht den Urgence vum CHL an dem Spidol um Kierchbierg.

Zanter e bësse méi wéi engem Joer gëtt et en neit Reglement zu den Urgencen. A wéi et schéngt huet sech villes scho verbessert.