BelvalDampentwécklung am Plaza 2

En defekten elektreschen Apparat an engem Appartement hat den Damp ausgeléist, dee säi Wee dann bis an d'Trapenhaus fonnt hat. D'Gebai gouf evakuéiert.

Leschten Update: 03.02.2017, 08:26:57

© CISEA

Wéi de Centre d’Interventioun vun Esch matdeelt, gouf een um 11h13 en Donneschde Moien wéinst enger Dampentwécklung an engem Appartement um 7. Stack op de Belval Plaza 2 geruff.

Aus Precautiounsmoossnamen huet een dat ganz Gebai evakuéiere gelooss.

Wéi et vun den escher Pompjeeën heescht koum den Damp vun engem defekten elektreschen Apparat aus engem Appartement. Den Damp hat dunn säi Wee bis an d'Trapenhaus fonnt.

Mat Hëllef vun engem Iwwerdrockbelëfter goufen déi betraffe Raimlechkeete gelëft, sou datt d'Awunner nees zréck an hir Wunnenge goe konnten. 

© CISEA