Grammys'Hello' ass Song vum Joer 2016

Dem Adele säi Welthit gouf bei de Grammys 2017 als beschten Hit vum vergaangene Joer priméiert. Mä och den David Bowie huet ofgeraumt...

Leschten Update: 14.02.2017, 07:46:53

© afp

Zu Los Angeles waren hënt d'Grammys 2017.

D'Award-Nuecht gouf vum briteschen Weltstar Adele opgemeet, andeems Sie hire Welthit 'Hello' gesongen huet.

Genee dat Lidd gouf dann och als 'song of the year' ausgezeechent, fir de beschte Songwriting, mä och als beschtent Lidd iwwerhaapt. Dat sinn bei de Grammy-Awards zwou verschidde Kategorien. An och den Album vum Joer goung un d'Britin. 5 Grammys waren et um Enn fir d'Adele.

De britesche Popstar David Bowie gouf posthum mat 5 Grammys ausgezeechent, ënnert anerem fir säi leschten Album 'Black Star'.

De Rapper 'Chance The Weekend' gouf als beschte Newcomer priméiert, genee wéi och fir de beschte Rap-Album.

Am Ganzen ginn et bei de Grammy-Awards 84 verschidde Kategorien, wou Präisser verdeelt ginn.

Hei déi wichtegst an der Iwwersiicht :

Record of the year : Hello ( Adele )

Album of the year : 25 ( Adele )

Song of the year : Hello ( Adele )

Best New Artist : Chance the Rapper

Best Pop Solo Performance : Hello ( Adele )

Best Pop Duo Performance : Stressed Out ( Twenty One Pilotes )

Best Pop Vocal Album : 25 ( Adele )

Best Dance Recording : Dont'let me down ( The Chainsmokers )

Best Dance/Electro Album : Skin ( Flume )

Best Rock Performance : Black Star ( David Bowie )

Hei fannt der d'Gewënner aus sämtleche Kategorien

© afp












Links