
© AFP/HAIDAR HAMDANI
Enger neier Etude vum Friddensfuerschungsinstitut Sipri no huet den Handel mat Waffen op e neits zougeholl.
De Moment géife weltwäit esou vill Waffe verkaaft gi wéi zënter dem Enn vum Kale Krich net méi, heescht et am Rapport.
Dobäi vergläicht Sipri ëmmer Periode vu 5 Joer. Am Verglach mat der leschter 5 Joers-Period vun 2007 bis 2011 wieren d’Verkeef ëm 8,4 Prozent an d’Luucht gaangen.
Déi fënnef gréissten Exporteure waren deemno d’USA, Russland, China, Frankräich an Däitschland.
Indien war iwwerdeems de gréissten Importeur.
Sipri ass d'Friddensfuerschungsungsinstitut vu Stockholm, dat déi weltwäit legal In- an Exporter vu Schosswaffe vun all Kaliber vergläicht.
Lauschtert hei: