
© RTL
Vun elo un's wäert den Zuchtrafic a Richtung Frankräich erëm vu Lëtzebuerg aus progressiv ulafen, dat deelen d'CFL an engem Communiqué mat. Ënnert anerem gouf matgedeelt, wéi d’Zäite vun de verschiddenen Zich an Ersazbusser wäert sinn.
Hei fannt dir alleguerten d’Informatiounen:
Communiqué CFL - TER
Communiqué CFL - TGV
Den Zuchverkéier gëtt just deelweis nees opgeholl. Dat well just Material a Personal vun der lëtzebuerger Eisebunn, den CFL, agesat gëtt. Déi franséisch Maschinisten fueren nach ëmmer net op Lëtzebuerg. D‘Gewerkschaften CGT, Sud Rail an CFDT hunn decidéiert dass hir Leit net op Lëtzebuerg fueren, bis gekläert ass, wat konkret geschitt ass an d’Sécherheet garantéiert ass.
Déi lëtzebuerger Maschinisten sinn och veronséchert. Wéi den President vum Landesverband de Jean-Claude Thümmel géintiwwer RTL Telé Lëtzebuerg sot, géifen d‘Maschinisten op der Streck a Richtung Frankräich ee sou genannten Coach op hir Säit gestallt kréien. Et geet drëms deen Eenzelen ze rassuréieren.
Lauschtert hei: