Amnesty Lëtzebuerg"2016 war e schrecklecht Joer!"

D'Flüchtlingsproblematik, de Waffenhandel oder d'Ënnerdréckung vun der Meenungsfräiheet... Amnesty zitt e schlechte Bilan 2016.

Leschten Update: 23.02.2017, 05:32:23

© Eldoradio

De Joresrapport vun Amnesty gëtt eng vollstänneg Analyse vum Zoustand vun de fundamentale Mënscherechter op der Welt.

2016 ass ee schrecklecht Joer gewiescht, esou déi Responsabel vun Amnesty Lëtzebuerg.

Vill grouss politesch Leadere respektéieren hir Verflichtunge wat d'Mënscherechter betreffen net méi. 159 Länner si vun de Mënscherechtsverletzunge betraff.

Ee Begrëff deen dacks gefall ass bei der Presentatioun ass "d'Verdäiwelungspolitik". Dës Politik prägt nämlech leider momentan eis Gesellschaft an ass zoustänneg fir d’Iddi datt verschidde Léit manner wäertvoll sinn wéi anerer. Eng „Schwaarz-Wäiss Molerei déi Angscht, Intoleranz an den Haass an eiser Gesellschaft fuerdert“, sou den David Pereira, President vum Conseil d’Administration.

A genau dee Gedanken huet schonn ee groussen Impakt op d’Politik, wat een unhand vu verschiddene Beispiller gesäit. Sou zum Beispill déi verstäerkt Iwwerwaachunge vun der Populatioun, Gesetzer déi d’Meenungsfräiheet aschränken oder einfach de Fait datt d’Recht op Asyl a verschiddene Länner einfach net méi garantéiert ass.

Ee weidere Schwéierpunkt vum Joresrapport ass d’Flüchtlingsproblematik an der Europäescher Unioun, Tierkei, Mexiko, Australien an an den USA, déi ouni zefriddestellend Léisung ausbleift. An 23 Länner goufe Krichsverbrieche festgehalen. Um illegalen Import vu Waffen a Saudi-Arabien sinn d’USA, Groussbritannien, d’Belsch, Frankräich, an Däitschland mat bedeelegt.

Ee wichtege Statement zur aktueller Situatioun huet den Direkter Stan Brabant nach ofginn. Haaptthemen waren natierlech awer och d’USA. Dat am Kader vun den internationalen Engagementer wat d’Mënscherechter uginn.

Lauschtert hei de kompletten Reportage am Audio: