
© dpa/AFP/Arno Burgi
17 Millioune Schüler an der EU hunn 2015 op mannst eng Friemsprooch geléiert, ass d'Resultat.
Méi wéi 10 Millioune Schüler also knapp 60 Prozent léieren der souguer zwou oder méi. Bei deene meeschten ass déi éischt Friemsprooch déi se léieren Englesch. Déi Zweet ass Franséisch an dann Däitsch. An 8 Länner ass Däitsch déi zweetheefegst Friemsprooch. Dat ënnert anerem an Dänemark, Polen, d’Slowakei an natierlech Lëtzebuerg.
Zu Lëtzebuerg léieren d’Schüler op mannst zwou Friemsproochen. Dat ass och de Fall a Finnland an an Italien. Lëtzebuerg ass awer Spëtzereider well 100 Prozent vun de Schüler betraff sinn. An deenen anere Länner ginn et jee no Regiounen Ausnahmen.Déi Länner wou een am mannsten Wäert op d’Léieren vun enger Friemsprooch leet, sinn iwwregens Éisterräich an Ungarn, esou jiddefalls Eurostat. Den Ament sinn iwwregens an der EU 24 Amtssproochen unerkannt.