Trump virum KongressBekannt Themen, neien Toun

A senger éischter Ried virum Kongress huet den Trump zu engem neien amerikanesche Kapitel opgeruff.

Leschten Update: 02.03.2017, 08:23:25

© EPA POOL/AFP/JIM LO SCALZO

Den US-President Trump huet bei senger éischter Ried virum US-Kongress d’Ziler vu senger politescher Agenda ugeschwat ouni awer an d'Detailer ze goen - an dat an engem ongewéinlech manner aggressiven Toun wéi soss.

Direkt am Ufank huet hien d’Amerikaner opgeruff zesummenzeschaffen. Hien huet vun engem neie Kapitel an der amerikanescher Geschicht geschwat. Säin Zil wier et d’Land weider grouss ze maachen. D'Zäit fir "banal Kämpf" an d'Zäit fir "klengt Denken" wier eriwwer. Hien huet betount net nëmme mat de Republikaner, mä och den oppositionellen Demokraten zesumme schaffen ze wëllen. Hien huet sech während der ganzer Ried relativ verséinlech gewisen.

Duerno huet hien de Bilan vu senger Amtszäit vu bis elo gezunn. D’Regierung hätt deemno scho vill erreecht. Virun allem de Kampf géint Lobbyiste wier um gudde Wee.

Allgemeng bleift hie bei senge Wahlkampf-Verspriechen. Ënnert anerem eng Mauer mat der Grenz zu Mexiko ze bauen, de Gesondheetssystem ze reforméieren respektiv 'Obamacare' ze kippen. Donieft huet hie seng haart Linn an der Immigratiounspolitik an d'Zil den IS ze zerstéieren, nach eemol betount. 

Den Trump huet sech och kloer zur Nato bekannt. D’Zesummenaarbecht mat ville Partner hätt sech an zwee Weltkricher bewäert, an den Faschismus bekämpft, esou den Trump.