Ausschlossprozedur lancéiertFlitt de Joe Thein aus der ADR-Partei?

De jonke Politiker hat de Kommentar wou dem Jean-Asselborn en Doud à la J.F.K gewënscht gëtt, geliked. Eng Aktioun déi der Partei awer net sou gefall huet.

Leschten Update: 03.03.2017, 05:05:42

© LOIC VENANCE / AFP

Nom Kommentar, an deem dem Jean Asselborn den Doud gewënscht gëtt, huet d’Nouvelle net nëmme fir Opreegung bei de Leit, mä och partei-intern bei der ADR gesuergt.

Well de Parteimember Joe Thein de Kommentar iwwert den Doudeswonsch du nach geliked huet, war en weidere Shitstorm ausgebrach.
 
E Mëttwoch den Owend war den Nationalcomité vun der ADR zesummekomm. Dës Affär war natierlech ee Sujet, an et gouf och eng éischt Decisioun geholl. Et gouf deemno decidéiert eng 'Partei-Ausschloss-Prozedur' vis-à-vis vum Joe Thein an d'Weeër ze leeden. Den 9. Mäerz soll eng Decisioun falen.

Den Dag vun der Affär hat hie jo nach vu Ruffmord geschwat an annoncéiert, datt hie juristesch Schrëtt wéilt aleeden. Am RTL-Interview huet de Gemengeconseiller vu Péiteng sech en Donneschden awer fir säin deplacéierte Like entschëllegt.

Lauschtert hei de President vum ADR-Nationalcomité den Dr Jean Schoos am Eldoradio-Interview: