"Foire nationale aux Jobs Vacances 2017"Am Lycée Aline Mayrisch den 3. Mäerz

Um Freideg den 3. Mäerz gëtt d'Foire nationale aux Jobs Vacances am Hall vum Lycée Aline Mayrisch vum CIJ organiséiert.

Leschten Update: 05.03.2017, 10:03:49

© www.cij.lu

De Centre Information Jeunes, kuerz CIJ, organiséiert den 3. Mäerz am Hall vum Lycée Aline Mayrisch um Geeseknäppchen d’Foire nationale aux Jobs Vacances. Dat vu 14h00-18h00.

Op der Plaz ginn net nëmmen Studenten-Jobs ugebueden, d’Foire bitt de Jonken och d‘Méiglechkeet mat Patronen wéi och Mataarbechter vum CIJ a Kontakt ze kommen.

De Jean-Claude Bisenius vum CIJ:



De CIJ hëlleft also och op der Plaz beim Opstellen vun engem CV oder enger Lettre de Motivatioun.



Op der Plaz kann ee sech selwer bei Patronen presentéieren, oder just informéieren.



Schonn zënter e puer Deeg ware Mataarbechter vum Centre Information Jeunes an e puer Schoulen ënnerwee, fir déi Jonk z'informéieren.

Schaffe kënnen all d'Schüler a Studenten déi méi al si wéi 15 Joer, souwuel an de Schoulvakanzen wéi och an der fräier Zäit während der Schoulzäit. D'Gesetz stellt allerdéngs ee gewëssene Kader och wat de Mindestloun betrëfft. Och heiriwwer informéiert den CIJ op der Foire.

Weider Detailer fannt dir op www.cij.lu.

Hei fannt dir weider praktesch Informatiounen:

Links