ADR-DecisiounDe Joe Thein muss goen!

Nom "Like" vun engem béisaartege Kommentar op Facebook an enger bedenklecher Explikatioun, muss de jonke Politiker d'Partei verloossen.

Leschten Update: 11.03.2017, 17:32:41

© ADR

De Joe Thein muss goen... Dat ass den Donneschden Owend op engem Point de Presse vum Nationalkomitee vun der ADR annoncéiert ginn.

De Jonke Member vun der ADR muss no sengem "Like" fir de Facebook Kommentar iwwert de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn d'Konsequenzen droen. „De Jean Asselborn misst och emol mat engem decapotabelen Auto duerch Dallas fueren“ sou huet et am berüchtegten Facebook Kommentar geheescht.

Lauschtert hei d'Reaktioun vum Joe Thein no der Sëtzung

© Eldoradio

E "Like" fält an dem Fall net wierklech manner an d'Gewiicht, wéi en, fir et mat den Wierder vun der ADR ze soen, "béisaartege an geféierleche Kommentar" selwer. Dowéinst hat den Nationalkomitee dann och decidéiert eng Disziplinar-Prozedur géint de Joe Thein anzeleeden.

Wéi weider betount gouf säitens der ADR, baséiert den Ausschloss net nëmmen um "Like", mee ass d'Resultat vun der Zomme un Evenementer vun de leschte 7 Joren.
Lauschtert hei d'Reaktiounen!

Virun allem soll et awer och seng Explikatioun gewiescht sinn, déi dem Joe Thein d'Memberkaart an der Partei kascht huet.

Wéi de Joe Thein dann och präziséiert huet, well hie politesch weiderhin aktiv bleiwen, a spillt souguer mam Gedanken, eng nei konservativ Partei ze grënnen.