Holland Parlamentswahlen um Mëttwoch

Mat dobäi sinn dem Geert Wilders seng PVV an dem Premier Mark Rutte seng VDD, wéi nach 26 weider Parteien.

Leschten Update: 16.03.2017, 09:16:44

© ROBIN UTRECHT / ANP / AFP

An Holland stinn en Mëttwoch d’Parlamentswahlen um Programm. Vun 07h30 bis den Owend 21h00 sinn d’Wahlbüroen op. De Premier Mark Rutte kandidéiert jo fir déi 2 Kéier mat senger rietsliberaler Partei VVD.

28 Parteie stinn am ganzen zur Auswiel. 150 Sëtzer an der sougenannter zweeter Kummer, dem Parlament, ginn et ze besetzen. Datt eng Partei et awer packt eng absolut Majoritéit ze kréien ass éischter onwahrscheinlech. Mediatiséiert goufen an der lescht jo virun allem dem Mark Rutte seng Partei an dem Geert Wilders seng rietspopulistesch Partei PVV.

Eng wierklech Chance gëtt een dem Wilders awer net zougetraut. Och wann dëst als stäerkst Partei sollt aus de Wahlen erausgoen ass d'Wahrschinelchkeet op eng Koalitioun net sou héich, well déi grouss Parteien net bereet sinn eng Zesummenaarbecht anzegoen.