
© RTL
Déi éischt 10 Radare goufen de 16. Mäerz 2016 aktivéiert. 2 Méint drop, den 9. Mee, koumen dann 10 weiderer zum Asaz.
Zanter hirer Aktivatioun bis Ufank der Woch vum 13. Mäerz hunn se zesummen 307.590 mol geblëtzt. Den éischten Dag waren et der ronn 1000.
Donieft krut een och 6 mobil Blëtzapparater déi 41.792 mol declenchéiert goufen.
Am Ganze koum et zu 269.902 Protokoller, die 285.000 mol 49 an 11.500 mol 149 Euro kascht hunn. An 10.688 Fäll koum de Chauffer wéinst exzessiver Vitesse viru Geriicht.
Bei de Protokoller waren 194.398 Gefierer mat Lëtzebuerger Plackennummer geblëtzt ginn. 14.269 koumen aus Holland, 31.524 aus der Belsch, 21.421 aus Däitschland a 27.999 aus Frankräich.
Deen Apparat deen am meeschte geblëtzt huet, war deen op Héicht vu Schieren. 77.462 mol gouf dësen ausgeléist. Nummer 2 ass deen zu Märel um Enn vun der A4 fir an d'Stad mat 62.333.
Zesummen hunn d'Radaren Protokoller am Wäert vun 12,5 Milliounen Euro generéiert hunn.
Dëst Joer sollen nach weider Radaren installéiert ginn. Op weider Plaze wou et rezent zu ganz schwéieren Accidenter koum. Ënnert anerem op der Streck tëscht Aangelsbierg a Miersch an um Enn vun der A4 an Direktioun Raemmerecher Rondpoint.
Wéini d'Radare kommen ass na net sécher. Fest steet awer, datt et nach dëst Joer soll sinn.