
© AFP/File/JOEL SAGET
Bei enger Schéisserei an engem Lycée zu Grasse a Südfrankräich, sinn en Donneschden op mannst 14 Persoune liicht blesséiert ginn.
3 dovunner goufe vu Kugele getraff, esou de franséischen Inneministère.
Als presuméierten Täter gouf der Police no, ee 16 Joer ale Schüler festgeholl, deen an där Schoul ageschriwwen ass.
Bei him goufen ee Gewier, zwee Revolver an zwou Handgranate fonnt.
Wéi et heescht soll et sech just ëm een, an net zwee Täter handelen wéi ufanks gesot gouf.
Iwwer d'Motiv kann den Ament just gemunkelt ginn. Wierklech sécher ass nach näischt. De presuméierten Täter hätt d’Attack géint den Direkter vun der Schoul geriicht.
En Portier vun de Schoul hat dem Noriichtesender BFMTV matgedeelt datt hien de Jong begéint hat an versicht hat vun der Dot ofzebréngen. Den arméierten Jugendlechen hat him dunn gesot, datt hien nach net genuch Schued ugeriicht hätt. Den Jong soll him dunn eng selwergemaachten Dynamitstaang virun d‘Féiss gehäit hunn, déi awer net explodéiert war.
D‘Police préift d'Spuer no enger méiglecher Complicitéit, also ob den Jong vun enger anerer Persoun ugestëft gouf oder gehollef krut. Wéi et vun Aenzeien heescht, soll nämlech den beschte Kolleg vum presuméierten Täter en Donnechden net an der Schoul gewiescht sinn.
#Grasse Événement de sécurité publique en cours au lycée Alexis de #Tocqueville. Merci de suivre les consignes des autorités locales. pic.twitter.com/JTP62hmtG4
— Ministère Intérieur (@Place_Beauvau) 16. März 2017