
© AFP/Archiv/Don EMMERT
Ass et wierklech esou schlëmm fir Apple ze schaffen?
Eng Éisterräicherin erhieft an hirem Buch „Apple intern“, dat elo publizéiert gouf, schwéier Virwërf géint den Technologie-Ris.
D’Informatikerin huet déi lescht 3 Joer an der Apple-Europazentrale an Irland geschafft.
Den Aarbechtsklima wier deemno därmoossen hefteg, dass vill Mataarbechter an de Burnout a souguer an de Selbstmord gedriwwe ginn. De Betrib wier Familljen-onfrëndlech a Pause géifen sou gutt wéi guer net existéieren. Et hätt een deemno nëmmen 8 Minutte pro Aarbechtsdag Zäit fir op d’Toilette ze goen, esou d’Virwërf.
Lauschter hei de ganzen Audio: