
© antigaspi.lu
Mat Hëllef vun der Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“ soll dës Mentalitéit vun de Verbraucher geännert ginn. D'Leit solle sensibiliséiert an dozou beweegt ginn, méi responsabel Konsumenten ze ginn.
Am Kader dovunner gouf elo eng sou genannten Wander-Ausstellung annoncéiert. Iwwer interaktiv an informativ Modeller a Spiller soll de Schüler zum Beispill de richtegen Ëmgang mam Iesse bäibruecht ginn. Ënnert anerem solle si Informatiounen iwwert adequat Portiounen an doriwwer wat fir eng Liewensmëttel wou an de Frigo gehéieren mat op de Wee kréien. Och d'Verfallsdatume ginn erkläert. D’Ausstellung gëtt eng éischte Kéier e Samschdeg op der Springbreak an der Luxexpo virgestallt. Do dernieft ginn och Workshops fir ze Kachen ugebueden, bei deenen d’Leit villes iwwert d’Verwäerte vu Reschter léiere kënnen.
Gemenge kënnen sech dës sou genannte Wander-Ausstellung ausléinen an och an de Schoule presentéieren. D’Gemenge mussen awer dem Solidaritéitspak géint d’Liewenmëttelverschwendung bäigetruede sinn. De Moment wieren dës nëmme wéineg, mä den nationale Minister ass zouversiichtlech, dass no an no méi Gemengen dësem bäitriede wäerten.
Do dernieft gouf och eng Charta géint d’Liewensmëttelverschwendung ënnerschriwwen. An deem Zesummenhang goufe gëlle Regelen am Ëmgang mat Liewensmëttel opgestallt. Wa jiddereen dës Regele géif applizéieren, da wier well ee wichtege Schratt an déi richteg Richtung gemaach, esou de Minister Fernand Etgen.
Lauschtert hei de ganzen Audio:
« ZESUMME GÉINT LIEWENSMËTTELVERSCHWENDUNG »
1/3 vun alle Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewechgehäit! Gläichzäiteg awer leide bal 1 Milliard Mënschen op der Welt nach ëmmer Honger. Mat dëse Fakte vrun Ae schéngt et evident, datt mer mussen handelen.
Nieft der moralescher Verflichtung sech dem Problem unzehuelen, dierf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Liewensmëttelverschwendung bedeit, datt knapps 1/3 vun allen Notzflächen onnëtz bewirtschaft ginn, ouni déi enorm Quantitéiten u Waasser ze vergiessen, déi verbëtzt ginn. Fir sech dat emol bildlech virzestellen: dat sinn 250 Kubikkilometer pro Joer, also 3-mol de Genfer Séi.
A punkto CO2-Emissioune gesäit et och net besser aus: 3,3 Gigatonnen, dat sinn 80% vum CO2-Ausstouss pro Joer a China!
Dës Zuelen, déi d’FAO publizéiert huet, kann een net einfach ignoréieren. Zemol wann ee weess, datt d’Populatioun konstant wiisst a mer bis 2050 d‘Grenz vun den 9 Milliarde wäerten erreechen. D‘Erausfuerderung ass fir ze kucken, wéi mer jidderee kënnen ernieren a gläichzäiteg eis natierlech Ressourcë schounen, fir déi zukënfteg Generatiounen net weider ze belaaschten.
Mir als Ministère, zoustänneg fir de Konsumenteschutz, hunn dofir décidéiert, fir de Welthongerdag, de 16. Oktober 2016 an de Kontext vun der Liewensmëttelverschwendung ze setzen. Dat war souzesoen de Startschoss vun onser breeder Sensibiliséierungscampagne «Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung».
Fernand Etgen
Konsumenteschutz Minister
| Présentation de la campagne de sensibilisation «Ensemble contre le gaspillage alimentaire 2017» suivie d’une signature de charte «anti-gaspillage alimentaire» avec les représentants de la cantine de la fonction publique (20.03.2017) | |
| |
| La lutte contre le gaspillage alimentaire est l’un des plus grands défis des décennies à venir. Selon l’Organisation des Nations unies pour l’alimentation (FAO), 1,3 milliard de tonnes de la part comestible des aliments destinés à la consommation humaine sont gaspillées ou perdues dans le monde, ce qui équivaut à ⅓ de la nourriture produite! L’enjeu est donc de taille! L’évolution de la population mondiale étant estimée à atteindre plus de 9 milliards de personnes d’ici 2050, il est impératif d’agir si l’on veut nourrir tout le monde tout en ayant une attitude responsable envers nos ressources naturelles! |