Weltwaasser-DagOfwaasser als Ressource notzen

Den 22.3 ass Weltwaasser-Dag. Op dësem Dag gëtt op d'Wichtegkeet vum Waasser opmierksam gemaach.

Leschten Update: 24.03.2017, 09:54:08

© AFP/Archiv/Franck Fife

Den 22. Mäerz ass Weltwaasser-Dag. Een Dag dee 1993 vun der UNO an d'Liewe geruff ginn ass. All Joers steet dësen Dag ënnert engem aneren Thema. Dëst Joer am Zeeche vum Ofwaasser.

D’UNESCO rifft um Weltwaasser-Dag dozou op, Ofwaasser méi staark als Ressource ze notzen. Ofwaasser géif nieft Energie och Rohstoffer hunn, a wier eng ongenotzten Ressource. Dat steet am aktuellen UNO-Weltwaasser-Rapport. Weltwäit ginn deemno bis ewell manner wéi 20 Prozent vum Ofwaasser behandelt.

Zil vun dësem internationalen Weltwaasser-Dag ass et op d’Bedeitung vum Waasser als Liewensgrondlag fir d’Mënschheet opmierksam ze maachen.

Beim Ëmgang mam Waasser ass aus Siicht vun Ëmweltschutz-Organisatiounen weltwäit, een Ëmdenken néideg. Der Ëmwelt-Organisatioun WWF no gëtt Waasser no enger Prognose an den nächsten Joeren a ville Länner méi knapp.

Enger Etude vu Wateraid no musse méi wéi eng hallef Milliard Mënschen de Moment ouni proppert Waasser auskommen. Am stäerkste betraff wieren Entwécklungslänner wéi Papua-Neuguinea, Madagaskar a Mosambik. D’UNICEF geet dovunner aus dass a ronn 20 Joer all véiert Kand net genuch Waasser zur Verfügung huet.

An Entwécklungslänner mussen d'Mënschen pro Dag mat 5 Liter Waasser auskommen. Wann ee mat Europa vergläicht do läit den duerchschnëttleche Waasserverbrauch pro Kapp a pro Dag bei plusminus 200 Liter.