London Attentat4 Doudeger, 40 Blesséierter

4 Doudeger a 40 Blesséierter – dat ass de Bilan no engem Attentat zu London.

Leschten Update: 23.03.2017, 13:25:39

© AFP/NIKLAS HALLE'N

Beim Attentat e Mëttwoch de Mëtten zu London, si 4 Mënschen, dorënner och den Ugräifer selwer, ëm d'Liewe komm. Op mannst 40 Mënsche goufe blesséiert. Ufanks war nach riets vu 5 Doudeger.

Een Dag nom Uschlag zu London ginn et da méi Detailer iwwert déi Doudeg a Blesséiert. 4 Memberen vun engem Studentegrupp vun enger englescher Uni an 3 franséisch Schoulkanner gehéieren zu den am ganze 40 Blesséierten. Beim Polizist deen den Ugräifer erstach huet soll et sech ëm een 48 Joer ale Papp handelen. Ee Politiker aus dem Ausseministère hat nach versicht dësen ze reaniméieren. Och 5 Touristen aus Südkorea wéi zwee Touristen aus Rumänien si bei der Attack blesséiert ginn.

D’Autoritéite ginn de Moment vun engem Eenzeltäter aus. D’Identitéit vum Mann wier anscheinend och gekläert. Aus ermëttlungstaktesche Grënn ginn et awer keng weider Detailer, esou déi britesch Police déi vun engem islamistesche Motiv ausgeet.

Wéi et heescht goufen et nom Attentat op 6 verschidde Plaze Razzien, ënnert anerem zu Birmingham. Am ganze wiere 7 Persoune festgeholl ginn. Detailer ginn et nach keng.

Lauschtert hei den Audio: