Bommenalarm um KierchbiergPolice sicht nom Schëllegen

Nodeems de Kino, wéi och de Supermarché um Kierchbierg evakuéiert goufen, huet d'Police no 21h00 Entwarnung ginn.

Leschten Update: 25.03.2017, 11:33:16

© Facebook Police Kontrol Luxembourg

Ee Bommenalarm gouf et um Donneschdeg den Owend um Kierchbierg.

Beim Kino Utopolis war per Telefon eng konkret Menace agaangen. Eng Persoun hätt deemno gesot dass jeeweils Bomm am Kino an och am Auchan placéiert gouf.

Doropshin goufen de Kino, de Shoppings-Zenter niewendrun an ee weidert Gebai evakuéiert.

D'Filmer am Kino goufen ënnerbrach.

Wéi een Zeien géintiwwer Eldoradio sot, wier eng Duerchso am Supermarché gemaach ginn, dono wier Panik entstanen.

Aussoe vun engem Zéie sur Place


De Leit war et och net méi méiglech bis bei hir Autoen ze goen, dat well de Site komplett gespaart gouf an e Sécherheets-Perimeter vun de Beamte geschafe gouf. De "Service Déminage" war och sur Place an huet zesummen mat Sprengstoffhënn d'Gebaier op méigleche Sprengstoff ofgesicht.

Géint 21h15 gouf et Entwarnung fir den Akafszenter, géint 21h45 dann och fir de Kino. Et gouf näischt Verdächteges fonnt, esou d'Police.

D'Police Judiciaire huet d'Ermëttlungen ageleet.

D’Persoun déi d’Menace per Telefon gemaach huet, riskéiert am schlëmmste Fall eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer respektiv eng héich Geldstrof.

Lauschtert hei d'Reportage:




© Facebook Police Kontrol Luxembourg


D'Police hat um Donneschdeg Owend ofgeroden op de Kierchbierg ze kommen. Den Trafic ronderëm de Kierchbierg war zäitweis un d'Hale komm, eng ganz Partie Stroossen hu missten gespaart ginn.

Aussoe vun engem Zéie sur Place






© RTL