
© Oliver Dietze / dpa / AFP
Domatte wier och de sougenannte Schulz-Effekt am Saarland ausbliwwen, d’SPD verléiert nämlech no de Wale vu gëschter ronn 1% a kënnt op nëmmen nach 29,6% vun de Stëmmen. Dono placéieren sech déi Lénk mat bal 13% op déi 3. Plaz, dat awer och mat engem däitleche Minus vun 3,2%.
D’AfD kënnt dann op déi 4. Plaz, a kannt souzesoen aus dem Stand op 6,2% .
Déi Gréng kommen op 4 % an d’FDP op nach 3,3%, packen et also alle béid net iwwert den sou wichtegen Taux vu 5%.
Lauschtert hei de kompletten Audio