
© CSF Süden/Réiserbann
Nawell zolidd Opreegung an de sozialen Netzwierker gëtt et zënter deem gëschter e Flyer vun der CSV-Fraen-Sektioun aus dem Süden an dem Réiserbann opgedaucht ass.
Heirobber ass dann ze liesen, dass d’Partei géif op eng CSF Akademie invitéiere wou da vu Fra zu Fra bäibruecht kritt, wéi een sech an der Politik ze behuelen a souguer unzedoen huet. Och wier et dem Flyer non et wichteg wat ee seet, mee wéi een et seet.
Ähnlech wéi deemools bei der Poschen-Campagne vun der LSAP, ass och dëse Schoss vun der CSV no hanne lass gaangen an huet fir uerdentlech Kritik am Netz an och bei anere Parteien natierlech gesuergt.
Fir all déi Fraen, déi net wëssen wat soen! Fir déi vill aner: bei ons zielen net Poschen a Kleeder. Mee DU ;) pic.twitter.com/V0VLbpCbyo
— Marc Ruppert (@RuppertMarc) 27. März 2017