Europa Scouten vu LëtzebuergLGS a FNEL kritiséieren, d'Europa Scouten reagéieren

Kuerz Boxe fir Männer a Juppe fir Frae muss een un hunn, fir bei de neie konservativen Europa-Scouten dobäi kënnen ze sinn... Gedeeft muss een net sinn!

Leschten Update: 01.04.2017, 18:15:57

© europa-scouten.lu

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten, an d’FNEL hunn sech e Mëttwoch bei eis an engem Communiqué gemellt, an deem si sech kloer vun engem neie Scouts-Mouvement distanzéieren. D’Europa-Scoute vu Lëtzebuerg huet sech viru ronn engem Joer gegrënnt a stellt souzesoen de konservativen Deel vun de Scouten duer. 

D’Europa-Scoute si Scouten, déi ganz staark vun der kathoulescher Kierch ofhänken, och immens no un der Kierch ass an dës Valeuren deelt. Alles Saachen, déi net méi bei di modern Scoute vun haut passen, esou de Goerges Krombach, de Commissaire Générale vun der FNEL, a President vum Daachverband SIL, also "Scouting in Luxembourg".

De Georges Krombach vun der FNEL an SIL


Vun engem Schratt no hanne geet bei der LGS an der FNEL riets. Dës Scouten, déi wéi gesot näischt mat béide Gruppéierungen ze dinn hunn an och net vun der Weltscoutenorganisatioun unerkannt sinn, goufe virun engem Joer zu Lëtzebuerg gegrënnt, dat zesumme mam Äerzbëschof als Mat-Fondateur. An anere Länner ginn et dës konservativ Scoute scho méi laang.

Iwwregens ass och festgeschriwwen, dass ee muss gedeeft sinn an als Chef muss ee souguer kathoulesch bestuet si wann een an enger Koppel ass. Alles natierlech kontradiktoresch zu deem, wat d’Guiden a Scouten an d’FNEL gär no bausse weiderginn. Hei goufen et jo och Verännerungen, virun allem bei der LGS.

Eldoradio huet ënnert anerem beim Lëtzebuerger Bistum ugeruff. Ënnert anerem de Jean-Claude Hollerich, also eisen Äerzbëschof ass jo Mat-Fondateur an dës Scoute sinn och op der selwechter Adress wéi dësen ageschriwwen. Laang krute mer keng bis bal keng Informatiounen, sou dass mer och an der Belsch bei den Europa Scouten ugeruff hunn.

Eng Mam, deenen hir Kanner an dësen Europa-Scoute sinn an de Bistum huet sech dunn schlussendlech den Dag drop gemellt. Et muss ee soen, dass et e klengen a neie kathoulesche Grupp ass, tëscht 50-60 Memberen huet, dovunner 24 jonk Meedercher (8-12 Joer) a 24 jonk Bouwen an och 3 Guiden, also tëscht 12-16 Joer. De Virworf, dass ee misst gedeeft sinn fir kënnen bäizetrieden wier dëser Mamm no net wouer. Souguer Leit déi enger anerer Relioun ugehéiere géifen oder keng Relioun hätten, kéinte Member ginn, allerdéngs dierft een net feindlech der kathoulescher Kierch géigeniwwer stoen.

Dass d’Jongen an d’Meedercher getrennt sinn a kuerz Boxen, respektiv Juppen undinn, wier allerdéngs wouer. Vu Säite vum Bistum krute mer da gesot, dass e Lëtzebuerger Grupp vun Arel d’Initiative geholl huet erëm méi kathoulesch Scouten zu Lëtzebuerg ze grënnen, a mat Ënnerstëtzung vum Äerzbëschof gouf dëst da viru knapp engem Joer realiséiert. Dobäi gouf vum Bistum och ënnerstrach, dass jo bei der LGS an der FNEL géif Respekt an Toleranz geléiert ginn, sou dass een am Fong kee Problem gesäit, wann e weidere Grupp, dee wuel gemierkt net vum Weltscoutsverband opgeholl gouf, niewent hinne co-existéiere géif.

Lauschtert hei de ganze Reportage am Audio:




Communiqué de presse
Luxembourg, 28 mars 2017

L’association Scouting in Luxembourg (SIL), qui regroupe les Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) et la Fédération des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL), porte à la connaissance du public qu’un mouvement de jeunes nommé «Europa Scouten vu Lëtzebuerg» ou «Guides et Scouts d'Europe du Grand-Duché de Luxembourg ad experimentum» commence à se profiler au Grand-Duché du Luxembourg.

Ce mouvement, qui n’est reconnu ni par l’Organisation Mondiale du Mouvement Scout ni par l’Association mondiale des guides et des éclaireuses, est un mouvement catholique en dehors du scoutisme officiel fondé par Robert Baden-Powell. Cette association née en Autriche est connue pour ses pratiques conservatrices (exemples : il faut être catholique pour pouvoir faire sa promesse scoute ; pratique d’une séparation stricte des deux sexes lors des activités; le port d’une jupe pour les filles et le short pour les garçons sont obligatoires ; le mariage catholique est imposé aux chefs qui vivent en couple, etc.). Ce mouvement indique également que l’archevêque du Luxembourg est un des associés fondateurs1.

Les LGS et la FNEL, membres fondateurs de l’Organisation mondiale du Mouvement Scout, se distancient du mouvement «Europa Scouten vu Lëtzebuerg» ou «Guides et Scouts d'Europe du Grand-Duché de Luxembourg ad experimentum» qui ne représente, à leurs yeux, ni les valeurs scoutes qui sont entre autres le respect, la tolérance, l’adaptation et l’esprit critique, ni les principes du Mouvement Scout reconnu.

Links