
© Eldoradio
Wéi et schéngt, kéint den Datum fir déi nächst national Chamberwahlen hei zu Lëtzebuerg feststoen. Wéinst enger neier Regelung, déi elo an engem Gesetzprojet ausgeschafft gëtt, soll den Datum reng rechneresch de 14. Oktober 2018 sinn.
Momentan ass et jo esou, dass um éischte Sonndeg am Juni gewielt gëtt, dat all 5 Joer. Wéinst de virgezunnenen Neiwalen ass dëst jo elo net méi wierklech méiglech, sou dass e fixen Datum kéint ewechfalen an eng Mandatszäit vu 5 Joer agefouert gëtt.
De Sonndeg virum leschte Waldatum soll da 5 Joer drop als nächsten Datum fixéiert ginn, dëst wier also de 14. Oktober.