
© DELIL SOULEIMAN / AFP
D’EU-Ausseminister halen ee Fridden a Syrien mam syresche President Assad fir net méiglech.
Dat geet aus engem Strategie-Pabéier zu der zukünfteger Syrie-Politik ervir, déi d’Ausseminister e Méindeg um Kierchbierg festgehalen hunn.
Doranner heescht et ënnert anerem, dat een Enn vum Syrie-Krich just duerch ee politeschen Iwwergang méiglech wier. Déi politesch Oppositioun am Land misst gestäerkt ginn.
Anescht wéi d’US-Regierung wëll sech d’EU op humanitär Hëllef fir Syrien konzentréieren.
Déi international Gemeinschaft misst sech op den Nees-Opbau vum Biergerkriichsland virbereeden, sou bal eng politesch Léisung fonnt gi wier, esou d’EU-Aussebeoptrachten Federica Mogherini e Méindeg de Mëtten um Kierchbierg virun der Press.
Ze dacks wier nämlech nom Enn vu sou Konflikter vill ze spéit ee Konzept ausgeschafft ginn.