SeelbunnNei Kabinne goufe presentéiert

Enn dës Joers soll d'Seelbunn jo a Betrib goen, elo goufen d'Kabinne presentéiert.

Leschten Update: 05.04.2017, 18:03:47

© Eldoradio

D'Seelbunn soll di nei Gare ënnert der rouder Bréck mam Kierchbierg verbannen.

Kuckt hei d'Fotoe vun der neier Seelbunn an eiser Fotosgalerie!

Den 10. Dezember soll de Projet wéi virgesinn fäerdeg sinn, an eng 7200 Leit pro Stonn transportéieren.

D'Streck vun der Seelbunn ass en ronn 200 Meter laang, dat iwwert eng Héicht vu gutt 40 Meter.

Déi wichtegst technesch Daten op ee Bléck!
Hei de Pressecommuniqué vun den CFL

D'Seelbunn war dann och Sujet am Aktu-Take en Mëttwoch Mueren.

Lauschtert hei:
Infos rondrëm d'Seelbunn