
© SEBASTIEN BOZON / AFP
A Frankräich gouf en Dekret erlooss fir d'Atomkraaftwierk zu Fessenheim auszeschalten.
Allerdéngs mat engem Hoken un der Saach: Déi eelsten Atomzentral a Frankräich gëtt eréischt da stëll geluecht, wann als Kompensatioun den europäeschen Drockwaasserreakter (EPR) zu Flamanville un d'Netz geet.
Heirun, esou déi franséische Medien, wier awer bis fréistens 2019 net ze rechnen.

Souwuel d'Zoumaache vum Kraaftwierk zu Fessenheim, wéi och d'Opmaache vum EPR zu Flamanville war scho vill éischter geplangt. Den EPR sollt 2012 schonn un d'Netz goen.
Lauschtert hei d'Reportage: