Amnesty Joresrapport 2016Méi Doudesuerteeler, manner Hiriichtungen

2016 goufen et zwar manner Hiriichtungen, dofir awer méi Doudesuerteeler.

Leschten Update: 12.04.2017, 15:33:53

© Amnesty International

2016 si weltwäit manner Mënschen higeriicht gi wéi dat Joer virdrun. Allerdéngs goufen et däitlech méi Doudesuerteeler. Dat geet aus dem Joresrapport 2016 vun Amnesty International ervir.

1.032 Mënsche goufen dem Rapport no higeriicht. Dat ware ronn 600 manner wéi nach 2015. D'Zuel vun den Doudesuerteeler ass 3 mol sou héich, 2016 goufe ronn 3.100 Doudesuerteeler gezielt.

Den Iran, Irak, Saudi-Arabien a Pakistan sinn nieft China déi Länner wou déi meescht Mënschen higeriicht goufen. Déi reell Zuel vun den Hiriichtungen dierft Amnesty International no awer däitlech méi héich sinn. Aus China ginn et keng konkret Zuelen, well d’Regierung dorausser ee Staatsgeheimnis mécht. Amnesty geet hei vun dausende Fäll pro Joer aus.

Lauschtert hei de Reportage:



© Amnesty International