FrankräichD'Wale sollen normal oflafen

Um Donneschdeg gouf Frankräich alt erëm vun engem Attentat getraff. E Polizist ass bei enger Schéisserei ëm d'Liewe komm. D'Wale sollen normal oflafen.

Leschten Update: 22.04.2017, 07:23:50

© Martin BUREAU / POOL / AFP

E Sonndeg sinn a Frankräich Presidentschaftswalen. Et si wichteg Walen, net nëmme fir Frankräich, mee fir quasi déi ganz europäesch Unioun. Frankräich ass nämlech eent vun de wichtegste Länner an der EU an och eent vun de Grënnerlänner vun der Communautéit. Mee dat ganzt steet awer um Spill, sollten esou Parteie wéi de Front National d’Soen kréien.

D’Walen a Frankräich sinn awer erëm e wéineg an den Hannergrond geroden, dat wéinst der Attack op e Polizist, déi jo um Donneschdeg den Owend geschitt ass.

Um Donneschdeg den Owend koum et zu enger Schéisserei op de Champs Elysées, dobäi koumen ee Polizist an den Täter selwer ëm d’Liewen. 3 Persounen, dorënner 2 Polizisten an eng Touristin goufe blesséiert. Hien war mat sengem Auto niewent engem Police-Won stoe bliwwen an huet dunn ganz geziilt op Poliziste geschoss, dat wuel gemierkt mat engem automatesche Stuermgewier.

Wéi et heescht, soll den Täter, en 39 Joer ale Fransous am Joer 2005 veruerteelt gi sinn, dat och well e probéiert hat 3 Mënschen ëmzebréngen, dorënner 2 Polizisten.

Dat ganzt ass zu engem erdenklech schlechten Zäitpunkt fir Frankräich geschitt. E Sonndeg fänken déi sou wichteg franséisch Presidentschaftswalen un. An dëse Virfall ass natierlech alles anescht wéi optimal, dat organisatoresch awer och politesch natierlech. Enger Partei wéi dem Front National kéint esou eppes scho mol an d’Hänn spillen, well dës Partei spillt jo dacks mat esou Geschichten.

Iwwregens waren och de Weekend nach gréisser Walkampfoptrëtter geplangt uechter Paräis, dat ënnert anerem vum François Fillon, dem Marine Le Pen oder dem Emmanuel Macron. Dës goufen awer elo vun hinnen ofgesot. D'Wale selwer sollen normal oflafen, dat natierlech ënnert verstäerkte Sécherheetsmesuren.

D’Fransouse gi jo wéi gewinnt 2 mol wielen, eemol e Sonndeg fir den éischte Walgang an eemol de 7. Mee fir d’Stéchwiel. Allerdéngs kann et theoretesch sinn, dass schonn e Sonndeg e President steet, dat wann de Kandidat déi absolut Majoritéit, also iwwer 50% géif kréien. Mee bon, dat schéngt awer éischter onwahrscheinlech ze sinn, sou dass dann de 7. Mee tëscht zwee Kandidaten nach eemol gewielt gëtt.

Lauschtert hei alles am Audio