Presidentiellen a FrankräichMacron a Le Pen am 2. Tour

Den Ex-Wirtschaftsminister Emmanuel Macron ass nëmme knapp viru senger Konkurrentin Marine Le Pen.

Leschten Update: 25.04.2017, 08:08:44

© AFP/Archives/Eric Feferberg, Joël SAGET

Bei de Presidentiellen a Frankräich trieden de Partei-onofhängege pro-europäesche Kandidat Emmanuel Macron, an d’Rietspopulistin Marine Le Pen an der Stéchwahl de 7. Mee géinteneen un. De Macron kënnt op bal 24 Prozent vun de Stëmmen. D’Le Pen op bal 22 Prozent, esou de franséischen Inneministère.

© AFP/Laurence SAUBADU



De François Fillon an de Jean-Luc Mélenchon kommen alle béid op ronn 20 Prozent vun de Stëmmen.

Eng ganz däitlech Néierlag gouf et fir d'Sozialisten a Frankräich. De Benoît Hamon kënnt mat sengem PS op nëmme ronn 6 Prozent vun de Stëmmen, wat natierlech e katastrofaalt Resultat fir dës bedeit.

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet dann och dem Emmanuel Macron gratuléiert an him seng Ënnerstëtzung zougeséchert. Gratulatioune goufen et och vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

Lauschtert hei d'Reportage:



Déi franséisch Rietspopulistin Marine Le Pen huet an der éischter Ronn vun de Presidentiellen no der Zuel vun de Stëmmen, dat bescht Resultat an der Geschicht vun der Front National Partei gemaach. Méi wéi 7,6 Millioune Fransousen hu fir si gestëmmt, heescht et um Internetsite vum Inneministère. Dat sinn däitlech méi Stëmme wéi d’Le Pen 2015 bei de Regionalwahlen an der zweeter Ronn krut.