
© tricorder.xprize.org
Datt d’Realitéit sech nees un engem Apparat aus enger Science-Fictioun Serie zerwéiert ass näischt Aussergewéinleches. Vun 3-D Printeren, Ipaden an Brëller, déi d’Realitéit augmentéiere bis hin zu engem Exoskelett hunn vill Iddien aus der Geek-Kultur hire Bäitrag fir d'Mënschheet geleescht.
2 Bridder aus den USA hunn viru knapp engem Mount en Star-Trek-Apparat, de sougenannten Tricorder, entwéckelt.
Wien scho mol Star Trek gesinn huet kann sech villäit un sou en Apparat erënnere mat deem Krankheeten diagnostizéiert ginn.
Wierklech ganz wéi an der Serie ass en elo net. Well en einfache Scann ouni Kabelen an Sensoren geet nach net duer.
Den Tricorder vun den Bridder besteet nämlech aus engem Bracelet, e puer Kabelen an enger App mat där sech den Apparat benotze léisst.
Den Apparat kann den Entwéckler no, scho banne 24 Stonnen 30 verschidde Krankheete feststellen. Wéi zum Beispill Diabetes oder Häerzrythmusstéierungen. Ganz aussergewéinlech ass awer, datt den Tricoder souguer den Hämoglobyngehalt vum Blutt ka moossen ouni eng Bluttprouf ze huelen.
Dat Ganzt goung vun der ONG Xprize an der Fondatioun Qualcomm lancéiert. Si haten en Opruff gestart an deem 2012 312 Teams un der Entwécklung vun engem Tricorder sollte schaffen.
Déi 2 Bridder Basil a George Harris haten et da fäerdeg bruecht sech géint all hir Kontrahenten duerchzesetzen an hiren Tricorder DxtER gouf elo ausgewielt fir getest ze ginn. Donieft gouf et en Präisgeld vun 2,3 Milliounen Dollar.
Den Tricorder soll elo fir eng Zäit am Mosambik an den Asaz kommen éiert en weider verbreet kënnt. Hei sollen da Spideeler vum Apparat profitéieren.
Lauschtert hei: