Internationalen Dag vun der PressefräiheetGrondrecht ënner Drock

Den 3. Mee ass internationalen Dag vun der Pressefräiheet. Amnesty International mécht sech virun allem Suergen iwwert d'Lag an der Tierkei.

Leschten Update: 04.05.2017, 06:12:39

© AFP/Archiv/Bulent Kilic

Den 3. Mee ass internationalen Dag vun der Pressefräiheet. D'UNO-Vollversammlung hat dësen Dag 1993 zum internationalen Dag vun der Pressefräiheet erkläert. Zënter 1994 gëtt all Joers op Verletzungen vun der Pressefräiheet higewisen an op d’Wichtegkeet vun enger fräier, onofhängeger Press fir eng Demokratie opmierksam gemaach.

D’Organisatioun ‚Reporter ohne Grenzen‘ publizéiert all Joers am Virfeld ee Rapport, deen d’Lag zur Pressefräiheet op der ganzer Welt analyséiert. Lëtzebuerg ass dëst Joer op Plaz 15 vun 180 gelant, a gëtt virun allem wéinst dem Luxleaks-Prozess, also der juristescher Poursuite vu Whistleblower a Journaliste kritiséiert. 2013 loung Lëtzebuerg nach op der 4. Plaz.

Weltwäit gi Journaliste menacéiert, inhaftéiert an ëmbruecht. Ëm d’Pressefräiheet war et 2016 weltwäit esou schlecht bestallt wéi zënter 13 Joer net méi. Dat ass d’Resultat vun enger Etude vun der internationaler NGO 'Freedom House'. An deem Rapport ginn Attacke vum US-President Trump op d’Medie beklot, mä och weltwäit Aschränkunge vun der journalistescher Aarbecht, duerch demokratesch wéi och duerch autoritär Regierungen. Eng 45 Prozent vun der Weltpopulatioun lieft deemno a Länner ouni Pressefräiheet. Fir 42 Prozent sinn d’Medien deelweis fräi a grad emol 13 Prozent hunn et mat fräie Medien ze dinn.

An all de Rapporte gëtt der Tierkei eng vun de gréisste Verschlechterungen attestéiert. D’Zensur hëlt zou, onofhängeg Medie gi vum President Erdogan zougemaach an ëmmer méi Journaliste kommen an de Prisong. Och a Polen an an Ungarn sinn d’Entwécklungen negativ. Hei hëlt d’Intoleranz vun der Regierung géintiwwer onofhängeger a kritescher Berichterstattung zou.

Op der Lëscht vun de Länner mat de schlechste Konditioune fir d’Press, stinn op de läschte Plaze wéineg verwonnerlech Nordkorea, Turkmenistan, Syrien a China. Am beschten ass et ënnert anerem dem Ranking vu 'Reporter ohne Grenzen no a Finnland, Holland, Norwegen an Dänemark ëm d’Pressefräiheet bestallt.

Amnesty International fuerdert um Dag vun der Pressefräiheet, Solidaritéit mat Journaliste weltwäit. Och d’Mënscherechtsorganisatioun kritiséiert virun allem déi aktuell Lag an der Tierkei.

Um internationalen Dag vun der Pressefräiheet ruffen Organisatiounen wéi Amnesty International a Reporter ohne Grenzen zu enger Demonstratioun virun der tierkescher Ambassade zu Berlin op. Et wëll een op d’Verschlechterung  vun der Meenungs- a Pressefräiheet an der Tierkei opmierksam maachen.