
© AFP/STRINGER
A Frankräich entscheed sech dëse Sonndeg wien neie President oder nei Presidentin gëtt. E Mëttwoch den Owend stoungen sech déi zwee Presidentschaftskandidaten Emmanuel Macron a Marine Le Pen an engem Televisiounsduell géintiwwer. An do gouf nawell zolitt gestridden.
Déi zwee Kandidaten hu mat Kritik géintiwwer deem Aneren net gespuert. D’Marine Le Pen huet gemengt dat de Macron de Kandidat vun der ongebremster Globaliséierung, der sozialer Onsécherheet an der Brutalitéit vum Kleng-Bierger-Krich, also jidderee géint jidderee wier, an dat géif alles vum François Hollande gestéiert ginn.
Den Emmanuel Macron huet d’Aussoe vum Le Pen als komplette Blödsinn bezeechent. Hir Sozialpolitik hätt näischt ze bidden. Hien huet der Kandidatin virgeheit ee negatiivt Bild vu Frankräich ze zeechnen. Si wär eng Protest-Kandidatin ouni Haltung a géing Frankräich an e Biergerkrich géint Mosleme stierzen.
Den Emmanuel Macron huet am Televisiounsduell enger Ëmfro no däitlech besser ofgeschnidden wéi d'Marine Le Pen. D’Ëmfro gouf vum Institut Elabe am Optrag vum Noriichtesender BFMTV gemaach. 63 Prozent vun de befroten Zuschauer hätten deemno de Macron méi iwwerzeegend fonnt. 34 Prozent hunn d’Rietspopulistin Le Pen besser fonnt.
D'Stéchwahl e Sonndeg ass fir Europa wichteg. D'Le Pen wëll den Euro ofschafen an hir Landsleit iwwert d'EU-Memberschaft ofstëmme loossen. De sozial-liberale Macron ass dogéint Pro-Europa.
Lauschtert hei d'Reportage: