
© AFP/Archives/Sergei Supinsky
Während am westleche Raum d'Homosexualitéit zum Alldag gehéiert, ass et an anere Länner vill manner akzeptéiert. Ënnert anerem zu Lëtzebuerg oder an Däitschland ass et akzeptéiert, a Russland ass et zwar legal, mä gesellschaftlech een absoluten Tabu.
Och wann a ville Länner d’Toleranz an d’Akzeptanz do ass, ginn et awer weiderhin och Situatiounen an deen aner Gender eben net gläichgestallt behandelt ginn. Homosexuell Männer ass et zum Beispill an e ganze Koup Länner nach ëmmer net erlaabt Blutt ze spenden, och hei net. An der Belsch gëtt d’Gesetz jo lo iwwerschafft.
Rosa Lëtzebuerg, de Cigale a Kooperatioun mat Amnesty Lëtzebuerg an der ASTI organiséieren eng Aktioun an der Stad an der Groussgaass déi vun e Mëttwoch de Moien 10h00 bis Mëttes 13h00 ass.Lauschtert hei d'Reportage:
LINK/ Hei fannt dir weider Informatiounen