
Den Dokteren no wier et fir d’éischt zu Häerz-Rhythmus-Steierunge komm. De 16 Järegen hätt deemno bannent zwou Stonnen dräi mol ee koffeinhalteg d‘Gedrénks consomméiert. Ee Kaffi, eng Fläsch Limonade wou Koffein dra war an een Energydrink, an dat wier deemno ze vill fir de jonke Kierper gewiescht. Dem Gerichtsmediziner Gary Watts no hätt de Bouf déi 3 Saachen ze séier bannent ze kuerzer Zäit gedronk.
An den USA sinn an de leschte Méint eng ganz Partie Jonker wéinst ze héijem Koffein-Konsum gestuerwen. Ëmmer nees warnen Dokteren an Anerer virun dem ze héije Konsum oder de Mix vun Energydrinks a Kaffi.
Déi europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet kuerz EFSA Recommandéiertes fir Erwuessener een Dageskonsum vu maximalen 400 Milligramm Koffein. Dat entsprécht eng 4 bis 5 Taasse Kaffi oder aacht Taassen Téi. Wichteg ass et dat ganzt a Moossen ze consomméieren.
Lauschtert hei d'Reportage: