Trump seet "No" zum Weltklima-AccordHie wëll ee méi "fairen" Deal fir d'USA

Eng 20 Joer laang huet d'Welt iwwert Klima-Ofkommes vu Paräis verhandelt...d'USA wëllen elo aus dem Ofkommes erausklammen an nei verhandelen. Europa net!

Leschten Update: 03.06.2017, 17:00:09

© AFP/SAUL LOEB

D’USA klammen aus dem Klimaschutz-Ofkommes vu Paräis eraus. Dat huet den US-President Trump en Donneschdeg annoncéiert.

Hien huet seng Decisioun domadder begrënnt, dass den Accord ee schlechten Deal fir Amerika wier. Dat géif him no ënnert aneren ze vill Aarbechtsplaze kaschten. Et wéilt een deemno een neie méi fairen Accord fir Amerika. Den Trump léist domatten ee Wahlverspriechen an.

D’Regierungen vun Däitschland, Frankräich an Italien hunn Neiverhandlungen vum Ofkommes an enger gemeinsamer Erklärung refuséiert.

Den US-President huet awer och Klimaschutz ouni den Accord versprach. Senge Wieder no géifen d'USA dat "klima-frëndlechst" respektiv dat "propperst" Land vun der Welt ginn...

D'Erausklamme vun Amerika ass e massive Coup am globale Kampf géint de Klimawandel. D'USA sinn no China den zweetgréisste Produzent vun den Zäregasen. Elo gëtt natierlech eng Kettereaktioun gefaart, dat obwuel China an aner grouss Länner awer scho versprach hunn den Accord wëllen anzehalen.

Hei dem US-President seng Annonce vun en Donneschdeg den Owend 21h30 eiser Zäit: