
© ANP/AFP/Archiv/LEX VAN LIESHOUT
An Europa sinn d’lescht Joer 718 presuméiert Dschihadiste festgeholl ginn an domat bal duebel sou vill wéi nach 2014. Alleng a Frankräich koume 456 Verdächteger an Untersuchungshaft. Dat geet aus dem Rapport vun Europol ervir, deen en Donneschdeg zu Malta presentéiert gouf.
Insgesamt waren et 1.002 Festnahmen. Bal een Drëttel vun deenen déi festgeholl goufen, hat 25 Joer oder war souguer nach méi jonk. Ze notéieren ass och dat 1 vu 4 Persoune weiblech war. Et stellt een deemno fest, datt ëmmer méi Fraen a Jonker fir den IS am Asaz sinn.
An der EU goufe lescht Joer iwwerdeems 142 Mënschen vun Terroristen ëmbruecht. Bal all, nämlech 135 si bei 13 islamistesch motivéierten Attacken ëm d’Liewe komm. Déi aner 7 Mënsche sinn duerch Uschléi vun Extremisten vun anere politesche Lager gestuerwen.
Insgesamt huet Europol 2016 142 Attacken notéiert. Zu deenen gehéieren och déi di verhënnert goufen oder näischt gi sinn. Et waren Attacken an insgesamt 8 EU-Staaten. Déi meescht dovunner a Groussbritannien (76), duerno Frankräich (23), Italien (17) a Spuenien (10).
Lauschtert hei: