Wiedergefor zu LëtzebuergMir sinn gréisstendeels verschount bliwwen

Alerte Orange fir d'Hëtzt an Alerte Jaune fir Onwieder gouf et en Donneschdeg. Dat schlecht Wieder ass awer zum Deel ausbliwwen.

Leschten Update: 22.06.2017, 22:40:32

© ARNO BURGI / DPA / AFP

Dat schlecht Wieder wat virausgesot gouf ass en Donneschden gréisstendeels ausbliwwen, esou Meteolux. Wéinst der Dréchent déi lescht Deeg gouf et jo en Mëttwoch eng Alerte orange wat Temperaturen ugeet an eng Alerte jaune fir Onwieder.

En Donneschden Owend hat et dunn vum Wiederdéngscht geheescht, datt d'Onwieder gréisstendeels laanscht d’Land gezu sinn a mer verschount bliwwe sinn. Bis 21h00 respektiv 22h00 en Donneschden war et awer nach en Risk fir Onwieder ginn, dei awer ausbliwwe waren.

Wat d’Temperaturen ugeet, louchen des nach géint 18h00 bei 32 Grad um Findel a plazeweis 33 Grad am Land. D’Alerte orange war awer just bis 20h00 en Donneschden Owend gaangen.

Meteolux mellt da fir e Freide vill Sonn mat e puer Cumuluswolleken a frëndlecht Wieder bei maximal 26 Grad.