
© PHILIPPE HUGUEN / AFP
Programm 22/6:
De Programm fir d'Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag fänkt traditionell um Virowend vu Nationalfeierdag mam Relève vun der Garde beim Palais un. Dono kennt et um 21h20 dann zum traditionelle Fakelzuch, woubäi et dëst Joer zu e puer Changementer vun der Route kënnt. (Groussgaass, de Gruef erof, Rue Notre Dame, Rue de l'Athenee, Blvd Roosevelt, Al Bréck)
Um 23h00 gëtt et dann d’Freedefeier, wat wéi ëmmer musikalesch vun der Militärmusek begleet gëtt. Hei nach ee klengen Tipp: well d’Freedefeier jo dëst Joer vum Pont Adolphe aus geschoss gëtt, huet een déi beschte Vue bei der gëlle Fra (Place e la Constitution), bei der aler Bréck (Viaduc) an dem Hollerecher an dem Garer Quartier.
16.00 Uhr Wachablösung vor dem großherzoglichen Palast
20.45 Uhr Konzert Fanfare Royale Grand-Ducale Luxembourg
21.20 Uhr Fackelzug
23.00 Uhr Feuerwerk Pont Adolphe
Programm 23/6:
Den Dag vun Nationalfeierdag selwer geet et mat der offizieller Zeremonie am OPL lass, mat uschléissender Militärparade um 11h30.
D’Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag ginn da wéi gewinnt mam "Te Deum" an der Kathedral Notre Dame um 16h30 ofgeschloss.
10.00 Uhr: Festakt in der Philharmonie Luxembourg
11.00 Uhr: Salutschüsse vom Fetschenhof
11.30 Uhr: Militärparade (avenue de la Liberté)
16.30 Uhr: Te Deum (Kathedrale Luxemburg)
De Verkéiersverbond huet an dësem Kader da nach den Zäitplang vun de Spezialservicer fir en Donneschden an e Freiden vum RGTR an dem CFL Reseau publizéiert.
Changementer Bus- an Zuchreseau
Op sëllege Plaze ginn da vum Nomëtteg bis de fréien Owend d'Concerten lass.